Eng klassesch Erzéiung

 Synopsis

Mat 3 Joer huet d’Nadia ugefaang Gei ze spillen. Eng natierlech Begabung féiert et derzou dass et haut, mat 14 Joer, méi frei wéi vill anerer, sech muss entscheeden ob et wëll eng professionell Carrière aschloen oder net. Wat dat mat sech bréngt, a wéi an ob et méiglech ass de schouleschen Alldag mam strenge Pensum vum Conservatoire ënnert een Hutt ze bréngen, weist d’Episod « Eng klassesch Erzéiung » vum Yann Tonnar. Een intime Portrait vun engem klenge Meedchen wat muss grouss Décisiounen huelen.

 

Realisatioun Yann Tonnar
Bild Amandine Klee
Toun Yves Bemelmans
Schnëtt Marc Recchia
Schnëttassistenz Paul Maas
Faarfkorrektur Raoul Nadalet
Tounschnëtt Loïc Collignon
Tounmëschung Loïc Collignon