Friem Kierper

 

Synopsis

De Jean-Benoît ass Franzous, 35 Joer al, hie wunnt a schafft zu Lëtzebuerg – e Land wou hien d’Sprooch kaum versteet. Hie war deemools heihikomm wéinst der Léift, mä dës Bezéiung ass an d’Bréch gaang. Elo ass de J-B erëm op der Sich no enger Persoun mat där hie säi Liewen deele kann. Des Sich gëtt awer doduerch erschwéiert, datt hie säit 11 Joer HIV-positiv ass. Dovun ofgesinn, datt hien all Dag muss Medikamenter schlécken, schued de Virus him méi duerch falsch Scholdgefiller an de Stigma deen hien am Alldag erlieft, wéi duerch kierperlech Symptomer.

De J-B ass effektiv “indetektabel”, wat heescht datt säi Kierper de Virus gutt am Grëff huet an hien och net méi kann aner Leit ustiechen. Duerch säin Asaz an der HIV-Preventioun huet hien eng Méiglechkeet fonnt fir seng Erliefnësser mat anere Leit ze deelen an esou säin Ongléck ze notzen fir Guddes ze dinn. “Friem Kierper” ass e Film iwwert e Mann dee refuséiert, sech vun der Angscht dominéieren ze loossen.

 

Réalisation Jacques Molitor
Bild Serge Benassutti
Toun Yves Bemelmans
Schnëtt Marc Recchia
Schnëttassistenz Paul Maas
Faarfkorrektur Raoul Nadalet
Tounschnëtt Loïc Collignon
Tounmëschung Loïc Collignon