An engem anere Land

 

Synopsis

De Suhail ass Syrier a lieft zesumme mat senger Famill elo scho säit engem Joer zu Lëtzebuerg. Seng Kanner ginn an d’Schoul. Seng Fra an hien och. Si probéieren sech esou gutt wéi méiglech unzepassen, mä esou einfach ass dat net. Si schwätzen net nëmmen eng komplett aner Sprooch, mä hunn och eng aner Kultur, eng aner Relioun an aner Gewunnechten.

“An engem anere Land” begleet de Suhail a seng Famill an hirem neie Liewen zu Lëtzebuerg – e Liewe geprägt vun der Hoffnung op eng besser Zukunft an der Erënnerung un déi traumatesch Erliefnisser déi zwar hannert hinne leien, mä déi hir Familljen a Landsleit weiderhin dagdeeglech erdroe mussen.

 

Réalisatioun Eric Lamhène
Bild Rae Lyn Lee
Toun Yves Bemelmans
Schnëtt Jean-Luc Simon
Schnëttassistenz Paul Maas
Faarfkorrektur Raoul Nadalet
Tounschnëtt Loïc Collignon
Tounmëschung Loïc Collignon