Am Numm vum Papp

Synopsis

 

D’Shirley huet 17 Joer a lieft alleng mat senger Mamm an engem klengen Appartement. Hatt ass zanter 2 Joer zu Lëtzebuerg, a sicht e Sënn a sengem Liewen. Zanter kuerzem, mengt et dee fonnt ze hunn an der evangelescher Kierch vum Pater Roger. Ee staarke Personnage deen eng ganz gleeweg brasilianesch Communautéit unzitt.

Tëscht enger Mamm déi net oft do ass, an e Papp deen et quasi net kannt huet, lieft d’Shirley ganz leidenschaftlech no de Virschrëften vun der Bibel an de Rotschléi vum Pater Roger. Hatt versicht bei Gott déi Léift erëmzefannen déi em a sengem Liewe feelt. Ma säin Glawen gëtt op d’Prouf gestallt vu senge jugendlechen Instinkter, vun de Jongen déi ronderëm et dréien, an vun der Mamm déi der Kierch net traut.

Realisatioun Rui Eduardo Abreu
Bild Nikos Welter
Toun Yves Bemelmans, Céline Bodson, Alain Goniva
Schnëtt Marc Recchia
Schnëttassistenz Paul Maas
Faarfkorrektur Raoul Nadalet
Tounschnëtt Loïc Collignon
Tounmëschung Loïc Collignon