Eng stark Equipe

Synopsis

 

De Vincent Thill ass mat senge 16 Joer ee vun de groussen Talenter am Lëtzebuerger Fussball. Hie verbréngt seng Woch am Centre de Formation vum FC Metz a geet och a Frankräich an de Lycée. Hie gesäit seng Famill wéineg, mee hie weess dass dat dozou gehéiert wann hie säin Ziel wëll erreechen: Profi am Ausland ginn. Dat ass säin groussen Dram, a seng Famill an hien schaffen all Dag drun fir dass dësen Dram an Erfëllung geet.

« Eng staark Equipe » begleet de Vincent a sengem Alldag als jonke Sportler, deen dobäi ass seng éischt Schrëtt um Wee zu engem professionelle Fussballspiller vun internationalem Niveau ze maachen.

Realisatioun Eric Lamhène
Bild Rae Lyn Lee
Toun Yves Bemelmans, Philippe Kohn
Schnëtt Jean-Luc Simon
Schnëttassistenz Paul Maas
Faarfkorrektur Raoul Nadalet
Tounschnëtt Loïc Collignon
Tounmëschung Loïc Collignon