Eng Familljesaach

Synopsis

 

Am Michel senger Famill dréit sech alles em d’Juegd. Et geet een op d’Juegd fir de Spaass un der Saach, fir zesummen ze sinn, aus Traditioun. D’Erënnerungen an d’Bezéiungen an der Famill wiewen sech ronderëm dës Aktivitéit. Ma de Michel gëtt net méi jonk, an d’Welt ronderëm hien ass net am Aklang mat där vun der Juegd.
Wie vu sengen zwee Jongen iwwerhëlt d’Familljen-Traditioun? Tëscht de Frëndinnen déi dës Männergesellschaft op d’Kopp geheien, an d’Konkurrenz vun aneren Interessi, schéngt d’Transmissioun an der Famill net ofgeséchert.