No der Schoul

Synopsis

 

Mat senge 16 Joer weess de Lukas scho sécher datt hie spéider Literatur a Film studéiere wëll. Seng Frënn aus der Waldorfschoul ënnerstëtzen hien tatkräfteg dobäi, wéi hien, dacks no der Schoul, seng Filmer dréit. Iwwerhaapt maache si an an no der Schoul villes zesummen. Si féieren Diskussiounen iwwer Politik a geckse bei all Geleeënheet.

Mat senger Schwëster huet de Lukas zwee Doheemer well hier Eltere getrennt sinn. Hie genéisst et am ëffentlechen Transport ze pendelen. Mee trotz den Elteren hiren Differenzen, sinn si fir de Lukas an d’Hannah eng Famill bliwwen a kucken zesummen, jiddereen op seng Aart a Weis, wou d’Rees no der Schoul higoe soll.