Ebrima am Pescatore

 

Synopsis

Den Ebrima ass e jonke Mann deen diskret, sensibel an intelligent ass. Hien ass 24 Joer al an huet gezwongenermoosse missten aus sengem Heemechtsland auswanderen. Elo ass hien Aide-Soignant am « Pescatore », eent vun deenen eelsten Altersheemer am Lëtzebuerger Land.

Hei begéint den Ebrima där Generatioun, déi e Lëtzebuerg kannt huet wat et guer net méi gëtt. Et ass och hei wou den Ebrima der Mme Dondelinger, enger 92-järeger Dame, bei hiren alldeeglechen Aktiounen hëlleft. Och wann d’Sprooch heiansdo verhënnert, datt déi zwee sech ganz verstinn, huet sech eng Bäihëllef zwëschen hinne gebilt. Sou gesinn huet si, genau wéi déi aner Pensionären aus dem Pescatore, och hiert « doheem » misste verloossen.

 

 

 

Realisatioun Catherine Richard
Bild Nikos Welter, Olivier Koos
Toun François Martig, Rui Eduardo Abreu, Yves Bemelmans
Schnëtt Isabel Bento dos Reis
Schnëttassistenz Paul Maas
Faarfkorrektur Raoul Nadalet
Tounschnëtt Loïc Collignon
Tounmëschung Loïc Collignon