Eng Saach vun Zäit

Synopsis

D’Catriona ass viru 15 Méint aus England op Lëtzebuerg geplënnert fir seng berufflech Carrière unzefänken: Traductrice beim Europäesche Parlament um Kierchbierg. Säin Talent fir Sproochen, seng Léift fir Musek a seng aussergewéinlech Hobbyen hunn him gehollef, sech séier anzeliewen a seng Frënn ze iwwerraschen. Et huet ëmmerhin net jiddweree Schleeken als Hausdéieren!  D’Catriona fillt sech hei am Land richteg doheem. Mee de Brexit steet virun der Dier…
 

Realisatioun Anne Schiltz
Bild Philippe Lussagnet
Toun Yves Bemelmans, François Martig, Arnaud Mellet, Bruno Schweisguth
Schnëtt Pia Dumont
Schnëttassistenz Paul Maas
Faarfkorrektur Raoul Nadalet
Tounschnëtt Loïc Collignon
Tounmëschung Loïc Collignon