D’Liewen ass schéin

Synopsis

D’Cecile ass Presidentin vum „Fanclub roude Léiw“, de lëtzebuerger Fanclub vum Rudy Giovannini, e charismatesche Schlagersänger aus dem Südtirol. Eemol am Joer reesen si mam Bus am Rudy säin Heemechtsduerf, fir do hiert Idol hautno z’erliewen.

“D’Liewen ass schéin”, exploréiert dem Cecile Brands a sengem Fanclub hir Welt am idylleschen Südtirol, wou si den Alldag vergiessen an sech ganz dem Rudy Giovannini an der Freed um Liewen widmen kennen. Avanti!

Realisatioun Kim Schneider
Bild Steffen Asel
Toun Céline Bodson
Schnëtt Claude Grosch
Schnëttassistenz Paul Maas
Faarfkorrektur Raoul Nadalet
Tounschnëtt Loïc Collignon
Tounmëschung Loïc Collignon