Ech wëll bleiwen wien ech sinn

Synopsis

 

Den Akbar, en indeschen « Expat », lieft zanter méi wei 4 Joer zu Lëtzebuerg an huet eng gewësse Léift fir säin Adoptiounsland entwéckelt. Nieft senger Aarbecht bei Amazon, bitt hien sengen Aarbechtskollegen visite guidéeën vun der Stad un. Hien huet sech d’lëtzebuerger Devise ugëeegent: « Mir wëlle bleiwe wat mir sinn ». Den Akbar ass homosexuell, a fir hien ass et wichteg ze bleiwen wat hien ass, a seng Identitéit offen kënnen ze liewen. An Indien, e Land wat em ëmmer nach staark um Häerz läit, wier dat net méiglech.  D’Zäit vun engem Summer komme seng Elteren op Besuch, an hie weist hinnen säi Lëtzebuerg. Hie géing gären Lëtzebuerger ginn, a versicht seng Elteren an dës Entscheedung z’implizéiren.
Realisatioun Catherine Richard
Bild Nikos Welter
Toun Arnaud Mellet,
Rui Eduardo Abreu
Schnëtt Marc Recchia
Schnëttassistenz Paul Maas
Faarfkorrektur Raoul Nadalet
Tounschnëtt Angelo Dos Santos
Tounmëschung Loïc Collignon