Den Dram vum groussen Duerchbroch

Synopsis

Den Arno ass nieweberufflech Wrestler. Reegelméisseg fiert hien 900 km fir an enger däitscher regionaler Wrestling Liga Showkämpf ze liwweren. Am Géigesaz zu sengen zwou Schwësteren déi hire Wee am Studium fonnt hunn, sicht hien seng Erfëllung a sengem Sport. Seng Elteren sollen des Kéier fir d’éischt matgoen. Mat enger Mëschung aus Selbstinszenéierung an enger grousser Sensibilitéit lieft hie säin Dram an hofft op de groussen Duerchbroch.

Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag. Den Zuschauer kritt esou e ganz intimen Abléck an d’Liewe vun där Persoun – seng Dreem a seng Konflikter – an an d’Communautéit an där hie lieft. All Episod gëtt vun engem anere Réalisateur proposéiert. Routwäissgro bréngt 20 lëtzebuerger Réalisateuren zesumme fir e Liicht ze werfen op déi vill verschidden Nuancë vu Lëtzebuerg a senge Leit.

 

Realisatioun Michel Tereba
Bild Serge Benassutti
Toun Arnaud Mellet
Schnëtt Marc Recchia
Schnëttassistenz Paul Maas
Faarfkorrektur Raoul Nadalet
Tounschnëtt Loïc Collignon
Tounmëschung Loïc Collignon