Meng Heemecht

 

Synopsis

 

Mat fënnefanzwanzeg Joer representéiert  de Joe Thein d’jonk Hoffnung vun der Oppositiounspartei ADR. Als selwer ernannten Nationalkonservativen sëtzt hien och zanter fënnef Joer am Gemengerot zu Péiteng. Di europa- an islamkritesch Meenungen di de Joe vertrëtt ginn oft als rietsextrem  verstanen – wat hien als medial Zensur ofdeet. Gläichzäiteg ass de Joe homosexuell an äussert de Wonsch enges Dages Kanner ze adoptéieren , wat an direktem Konflikt mat der Linn  vu senger Partei steet. Wéi geet  hien mat dësem Dilemma ëm? « Meng Heemecht » begleet de kontroverse Politiker a sengem Beruffs- a familiären Alldag  a probéiert Äntwerten ob des Froen ze fannen.

Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag. Den Zuschauer kritt esou e ganz intimen Abléck an d’Liewe vun där Persoun – seng Dreem a seng Konflikter – an an d’Communautéit an där hie lieft. All Episod gëtt vun engem anere Réalisateur proposéiert. Routwäissgro bréngt 20 lëtzebuerger Réalisateuren zesumme fir e Liicht ze werfen op déi vill verschidden Nuancë vu Lëtzebuerg a senge Leit.