Wat ee sech net alles undeet

Synopsis

 

D’Kelly bastelt Kostümer vu senge Lieblingshelden aus Computerspiller doheem am Keller zesummen. Dëst nennt ee Cosplay, an d’Kelly ass e Cosplayer aus Leidenschaft. Hatt wëll säin Dram liewen, a seng Passioun zum Beruff maachen. Säin éischte Kostüm vun der Barbarin aus dem Diablo 3 Computer Spill, mëscht et direkt bekannt an der Szene, an et gewënnt als éischte Lëtzebuergerin de Präis vum beschte Kostüm op der Gamescom Convention zu Köln.
En neie Kostüm ass an der Maach, an d’Kelly stellt sech eng zweete Kéier der internationaler Jury zu Köln op der Gamescom. Seng Mamm gleeft un et, an ënnerstëtzt et sou gutt et geet. Mee kann et nach eng Kéier iwwerzeegen, a wéi geet dem Kelly säin Dram vun der grousser Carrière weider?

Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag. Den Zuschauer kritt esou e ganz intimen Abléck an d’Liewe vun där Persoun – seng Dreem a seng Konflikter – an an d’Communautéit an där hie lieft. All Episod gëtt vun engem anere Réalisateur proposéiert. Routwäissgro bréngt 20 lëtzebuerger Réalisateuren zesumme fir e Liicht ze werfen op déi vill verschidden Nuancë vu Lëtzebuerg a senge Leit.

Realisatioun Chris Neuman
Bild Alex Aach, Serge Benassutti
Toun François Martig, Arnaud Mellet
Schnëtt Claude Grosch
Schnëttassistenz Paul Maas
Faarfkorrektur Raoul Nadalet
Tounschnëtt Loïc Collignon
Tounmëschung Loïc Collignon