De Marathon vum Glawen

Synopsis

 

Zanter 20 Joer pilgert d’Dulce eemol am Joer, zesumme mat portugisesche Bekannten, vun der Stad op Wolz, bei d’Muttergottes vu Fatima. 2 Deeg fir 60 km – dat ass net esou einfach. Ee Joer reent et riicht eran, dat anert Joer brennt d’Sonn, d’Blodere ploen een…. Firwat maachen se dat? Aus Gewunnecht? Fir hire Glawen auszedrécken? Well se der Muttergottes eppes versprach hunn? routwäissgro ass deene Froen nogaang, an dofir di 60 km matgaang.
Realisatioun Geneviève Mersch
Bild Jean-Louis Sonzogni
Toun Arnaud Mellet
Schnëtt Pia Dumont
Schnëttassistenz Paul Maas
Faarfkorrektur Raoul Nadalet
Tounschnëtt Loïc Collignon
Tounmëschung Loïc Collignon